„Sixty8“ erzielt vun enger Jugend, déi sech eng eegen Identitéit sicht an déi bestoend Verhältnisser a Wäerter vun eiser Gesellschaft a Fro stellt. Erzielt gëtt dat alles vun den Interviewpartner, déi deemools all Schüler, Studenten oder jonk an anti-autoritär Proffe waren. Et ass aus hirer Siicht wou d‘Beweegung gewise gëtt. Et war hire Kampf, hir Musek an hir Revolt – an enger Zäit, déi hei zu Lëtzebuerg méi gro a muffeg wéi psychedeelesch a fräi war.